Wëllkomm

op der Säit vum Grupp St. Christophe Beggen

Beggener Scouten

Du bass hei um Site vun den Beggener Guiden a Scouten.
Hei fënns du Informatiounen zu eisem Grupp, eisen Aktivitéiten an eisem Chalet.

Een Wuert vun eisen Gruppecheffen:

Déi Beggener Scouten ginn et schonn zanter dem Joer 1957. Schonn deemools konnt all motivéierten Jonken bei eis Member ginn. Wichteg  ass dass dir Spaass a Freed matbréngt.
https://lgs.lu/iwwert-eis/wie-si-mir/

Bei eisem Chalet um Eecherfeld fannen all Woch d’Versammlungen vun deene verschiddenen Branchen statt. Adventure, Scoutstechniken, Challengen an Kréativitéit kënne mir hei an der fräier Natur erliewen. Sortien, Weekender an Campen stinn och all Joer um Programm. D’Scoutsmethode guidéiert eis bei allen Aktivitéiten.
https://lgs.lu/iwwert-eis/wat-maache-mir/

Wëlls du och Member bei eis ginn? – Bei den Scouten ass fir jiddereen eppes dobai!

Entdeck hei drënner eis verschidden Branchen an zéck net dech bei eis ze mellen.

Wëllefcher
8 bis 11 Joer

AvEx
11 bis 14 Joer

CaraPio
14 bis 17 Joer

RaRo
17 bis 23 Joer

Albatrossen
ab 23 Joer

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen.

Mat beschte Guiden a Scoutsgréiss,
Thomas an Alain (Gruppechefs)

LGS St.Christophe, Beggen