Neies Memberen AktivitÚiten Fotoen

Zréck bei d'News

15. Februar 2008

  • Muer gi mir Schlittschong fueren! Treffpunkt ass um 14:00 hannert der Kierch zu Beggen, vu wou aus mir eis op de Wee op d'Kockelscheier maachen. Géint 18:00 wärte mir rëm zréck sin.
  • Dës Saache sin nom Buergbrenne fonnt gin:

28. Januar 2008

Iech all e grousse Merci fir e gelongenen Elterenowend 2008!

Déi zwou Saachen op dëser Foto hun ech dono beim opraume fonnt, wiem seng sin et?
Bis no der Fuesvakanz si wéi gewinnt keng normal Versammlungen, mir hun awer erem wéi all Joer eist Buergbrennen, wou all Hëllef gebraucht gëtt. De Bréif matt den Detailer misst der mëttlerweil kritt hun.

14. Januar 2008

  • Mir starten daat neit Joer mam Elterenowend de 26. Januar am Centre Culturel zu Beggen. Heifir si mir déck an der Preparatioun, léiert ären Text! ;)
  • Nach eng Kéier en décke Merci un all Mënsch dee virum Cactus an déi Woch virdrun eng Hand matt ugepaakt huet! Et war rëm e vollen Erfolleg a mir wärten en Deel vun eisem Gewënn an nächster Zäit zesummen ausgin.
  • Außerdem ass den 10. Februar erëm Buergbrennen, wou de ganze Grupp hëlleft. Weider Detailer kommen an engem Bréif.

9. Dezember 2007

  • Nei Detailer zum Kichelcherbaken: Mir treffen eis dës Woch nach dräi mol um Home fir ze baken, ze dekoréieren, anzepaken, an zwar méindes den 10., mëttwochs den 12. a freides den 14. vun 18.00 bis 20.00. Wien Zäit huet soll kommen, d'Prüfungszäit geet vir!

4. Dezember 2007

  • De 15. Dezember sti mir virum Cactus zu Bäreldéng wou mir Kichelcher verkafen, grillen a Glühwäin ubidden. Déi Kichelcher mussen natiirlech och gebak gin, dowéinst fänke mir direkt d'nächst Versammlung domat un eis fonkelnei Kichen ze verwüsten an treffen eis och nach zwee mol an der Woch. Genee Detailer kommen no.
  • Den Discoglobus ass online, genee wéi Fotoe vun neien an alen AvEx ("Memberen"). Dës Lëscht ass natiirlech nach net komplett.

26. November 2007

  • Mir si rëm vun der Montée matt duebel sou vill AvEx wéi virdrun! Kuckt iech d'Fotoen un.

19. November 2007

  • Den nächste Weekend, de 24. a 25. November hu mir Montéesweekend zu Rulljen. All d'Detailer fannt dir am aktuelle Bréif.

18. November 2007

  • Wéi de Luc a sengem Newsletter scho sot: Den Internet-Optrëtt vun den AvEx gëtt erneiert. Ech hoffen d'Resultat gefällt Iech.

Zréck bei d'News

↑ No uewen