Neies Memberen Aktivitéiten Fotoen

An eisem fonkelneien Home hu mir AvEx natiirlech och e fonkelneie Sall zur Verfügung. Obwuel mir vill dobausse sin, brauche mir dach heiansdo eng Plaz fir eis virum schlechte Wieder zeréckzezéien oder ee vun eisen Atelieren emzesetzen. Hei hu mir bequem Bänken an Dëscher an natiirlech Schief fir eist Material ze verstauen.

Lues a lues kritt eise Sall méi e perséinlecht Ausgesin duerch Souveniren vun eise Camp'en oder aneren Evenementer déi mir ophänken oder Accessoiren déi mir selwer bastelen, wéi zum Beispill eisen "Discoglobus" dee kuerz virun der Vollendung steet.


↑ No uewen