Wëllkomm bei der Geschicht vun de Beggener Ra-Ro

 

INHALT

 

 

1957 – 1959    DE CLAN VUN DER 1. STONN                                                               

1964 – 1964    DE CLAN VUM AEROMODELLISMUS                                                  

1968 – 1968    „THE BEST ROVERS IN THE WORLD“                                                   

1970 – 1971    DE KLERIKALE CLAN                                                                             

1973 – 1973    DE CLAN VUM „SCHWAACHE“ GESCHLECHT                                    

1978 – 1978    ALLER GUTEN DINGE SIND DREI                                                          

1981 – 1985    DE GREISSTE CLAN AUS DEM ROSA REPSER LAND                         

1992 – 1996    DE CLAN VUN DER FUSIOUN                                                                

1995 – 2001    DE CLAN OUNI ADMINISTRATIV ORDUNG AWER MAT FLOOSS  

2002 – haut     DE CLAN VUN HAUT                                                                               

 

 

1. CLAN 1957 – 1959

DE CLAN VUN DER 1. STONN

 

1957

Ënnert dem Impuls vun enger Rei Leit ëm de Willy Bourg an de Camille Eyschen ginn d’Beggener Scoute gegrënnt. Si sinn eng Oofspléckung vun de Weimerskiercher Scouten Sankt Schetzel déi zum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten gehéieren. Zu dësem Zeitpunkt gin et 2 Branchen bei de Beggener Scouten; Wöllef a Rover. 1957 ass demno och d’Gebuertsjoër vun de Beggener Rover, de spéidere Ra-Ro. Den 1. Roverchef ass den François (Françis) Mouris. D’Rover hun 1957 9 Memberen.

 

 

1958

D’ Beggener Scoute ginn den 1. Juli offiziell am Verband vun de Lëtzebuerger Scouten opgeholl an heesche vun elo un „Lëtzebuerger Scouten - Groupe Saint Christophe Beggen“. Den Numm „Beggener Scouten“ bleiwt awer am alldeegleche Sproochgebrauch bestoen. D’Rover hun 7 Memberen an 2 Cheffen, de Jean Leick an de Jean Hein.

 

1959

D’Rover hun 4 Memberen an 1 Cheff, de Jean Leick wéi se 1959 opgeléist gin well sie all entweder op Première sin oder an d’Arméi musse goen. Ausserdem hu vill vun hinnen eng Chefcharge an enger aanerer Branche waat hinnen net genuch Zeit léisst fier d’Rover. Den 1. Clan léisst sech op ouni je ee Rovercamp organiséiert ze hun.

 

 

1960 - 1963

D’Beggener Scouten lounen 1960 een Haus op 224 rue des Sept Arpents um Eecherfeld an hun domadder vun elo un den Home Saint Christophe zu hierer Verfügung. D’Wiss hannert dem Home gëtt als Versammlungsplaz an als Campplaz genotzt.

D’Rover get et nët méi, awer den Charel Bourg an den Bernard Neys gin 1963 als Beggener Rover op den Jamboree a Griechenland

 

2. CLAN 1964

DE CLAN VUM AEROMODELLISMUS

 

1964

D’Haaptaktivitéit vum Grupp besteht aus Modellfliigerbau. Déi jonk Scoutassistenten groennen zesummen een neie Rover Clan. Si hun 8 Memberen awer kee Chef. Doweinst hällt den 2. Clan och net lang. Nach ëmmer gouf et keen Rover Camp vun de Beggener Scouten.

 

 

1965

D’Rover get et nët méi

 

3. CLAN 1966-1968

„THE BEST ROVERS IN THE WORLD“

 

1966

Oennert dem Motto „Best Rovers in the world“ entsteht een drette Clan önnert der Leedung vum Gruppechef Fern Theato an dem Fern Schroeder. De Clan huet 8 Memberen. Déi geheim önnerierdech Rover Höl (Wichtelhöl) am Bambösch get fier d’éischte Kéier ausgegruewen an ageriicht. De Rover Grupp get sech selwer den Numm „op der Hiel“.

1967

Déi meescht Rover sin an der „Evangélisation des jeunes“ engagéiert. Rovercheffen sin den Fern Theato an den spéideren Aumônier vum Grupp Théo (Théid) Michaely. D’Rover hun 9 Memberen. Fier d’éischte Kéier an der Geschicht vun de Beggener Scouten get et een Rover Camp „a Gruppen vu 4 a 4“.

1968

D’Rover sin een Diskussiounsgrupp gin, a verschidde Memberen maachen net méi mat, well d’Tendenz sech spézialiséiert. De Fern Théato huet opgehaal an den Aumônier Théo (Théid) Michaely ass eenzege Chef. De Grup huet 5 Memberen wéi en sech opléist well déi meescht Rover op Première sin.

 

 

1969

D’Rover get et nët méi

 

4. CLAN 1970-1971

DE KLERIKALE CLAN

 

1970

Mat 10 Memberen huelen d’Rover een neien Ulaaf. Den Aumônier Théo (Théid) Michaely get nees Rover Chef. Kee Camp.

1971

Den Théo Michaley dreift déi religiös Formatioun op eng exigent Art a Weis virun. Daat féiert dozou dat d’Rover sech géint hiere Chef stellen an ouni hien alleng um Home weidermaachen. Mee och den 2. Versuch ee Roverclan ouni Chef um Laafen ze haalen schléit fehl, an d’Rover léisen sech op zu engem Zeitpunkt wou sie just nach 4 Memberen hun.

 

 

1972

D’Rover get et nët méi

 

5.CLAN (1. RANGER CLAN) 1973

DE CLAN VUM „SCHWAACHE“ GESCHLECHT

 

1973

Rover get et nach ëmmer keng, awer d’Meedecher weisen de Jongen 1973 wéi et gemaat get. Obwuehl d’Beggener Scouten Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten sin, an doweinst eigentlech keng Meedecher ophuelen, könnt et fier d’éischte Kéier an der Geschicht vum Grupp zu enger renger Meedechersbranche. Oennert dem Impuls vun der 1. Beggener Ranger Cheftaine Denise Ney-Nilles get ee Rangergrup gegrönnt deen 9 Memberen huet an zerguer direkt am éischte Joër vu sengem Bestehen een Camp önnert der Form vun engem Tour duerch d’Jugendherbergen organiséiert. Leider huet de 5. Clan ee klenge Maakel. D’Memberen sinn nët all am Rangeralter, an den Alterönnerscheed ass einfach ze grouss. Doweinst fällt de Grupp nach am selwechte Joër nees auserneen.

 

 

 

1974 - 1977

D’Rover an d’Ranger get et nët méi.

 

 

 

6.CLAN (5. ROVER CLAN) 1978

ALLER GUTEN DINGE SIND DREI

 

1978

D’Rover huelen een neien Ulaaf mat 11 Memberen, awer nees ouni Chef. An och den 3. Versuch ee Roverclan ouni Chef ze féieren geet an d’Bochs. Virdrun man sie awer nach ee Camp am Süde vu Frankräich.

 

 

 

1979-1980

D’Rover get et nët méi

 


7.CLAN (6. ROVER CLAN) 1981-1985

DE GREISSTE CLAN AUS DEM ROSA REPSER LAND

 

1981

D’Rover huelen nees een Ulaaf, déi Kéier mat 8 Memberen, awer alt nees ouni Chef. Awer des Kéier geschit eppes Onerwaartenes, ee vun hinnen, de Paul Strock, engagéiert sech ëmmer méi am Clan.

1982

De Paul Strock huet d’Chefcharge iwerholl a féiert elo ouni Ernennung an ouni Formatioun als Stagiaire Rover Chef ee Roverclan vun nët manner wéi (haalt Iech un) 30 Rover. Domadder hun d’Beggener Scouten mat Oofstand de gréissten Roverclan am Land.

1983

D’Beggener Rover vergréissere sech weider an hun elo 33 Memberen. De Paul Strock ass nach ëmmer dobai, get awer net méi als Chef op den offizielle Löschte gefouert. (Wahrscheinlech haat hien deemols seng Formatioun oofgebrach, genaues wesse mer haut net méi) D’Rover hun offiziell kee Chef méi, mee de Clan get vum Gruppechef Gaston (Gast) Nilles geleet.. Sie man och fier d’éischt zanter 1978 nees ee Camp, an zwar nees a Südfrankräich.

1984

D’Rover hun nach ëmmer keen offizielle Chef awer ömmerhin 30 Memberen önnert der Leedung vum Gruppechef Gast Nilles. Mam Film „Ee Rosa Repser“ gelengt hinnen ee Meeschtersteck. Dëse gesellschaftskritesche Film setzt sech mam Jonken an der moderner Gesellschaft auserneen. D’Rosa Repser Zitat „Bei de Beggener Scouten ass jidfereen ze gebrauchen, a sief et nëmmen als oofschreckend Beispill“ krit genau sou wéi de Film selwer Kultcharakter. De Rovercamp ass dest Joër zu Aguilar a Spuenien.

 

1985

D’Rover trieden nach mat enger Stuntshow um Top85 mat Szenen aus dem Rosa Repser op a léisen sech kuerz duerno op. D’Chefekip geet weiderhin mam Rosa Repser op Tour, awer ee richtege Rover Clan get et net méi. Zu engem Rovercamp könnt et och nët méi.

 

 

1986-1990

D’Rover get et nët méi. 1987 gin et allerdengs önnert dem Marc Grein 2 Pionnéiertruppen, vun deenen déi mat den eeleren Memberen sech „Piver“ (PIonéier a roVER) nennt.

 


8.CLAN (7. ROVER CLAN AN 1. RA-RO CLAN) 1991-1996

DE CLAN VUN DER FUSIOUN

 

1991

De Wöllen ass do nees ee Ra-Ro Clan ze lancéieren, an als Schnupperangebot souzesoen organiséieren déi 2 Explorercheffen Steve Gaffiné an Pascal Simon vum 19. bis den 21. Dezember ee Ra-Ro Weekend um Eecherfeld.

 

1992

Den Alain Wagner an d’Jai Wolff-Lorentz starten als Roverchef een neie Clan mat 6 Memberen. Den éischten Camp vum neien Clan ass den internationale Camp Euro 92 zu Jonglenster. Zesummen mam Clan St Laurent vun Dikkrech maachen déi Beggener ee Camp-Clan vun 3 Rover (all vu Beggen), 2 Ranger vu Beggen, 2 Ranger vun Dikkrech an je 1 Chef vu Beggen (Jai Wolff-Lorentz) an 1 Chef vun Dikkrech (Josiane Reinerts). D’Haaptzieler vum Camp waren international Kontakter ze knäppen an deen neie Clan zesummewuessen ze lossen. Et gouf awer anscheinend Sproocheschwieregkeeten mat de grieschechen Meedecher déi um selwechte Sous-camp waren, an déi Meedecher waren angeblech och ze jonk fier ais Ra-Ro,… nanu? Op allefall goufen vill Frendschaften besonnech mat Iren a Schweizer geknäpt.

Daat mam Zesummewuessen muss dann och net esou geklapt hun. Am Camprapport steht: „Déi 2 Dikkrecher Ranger + 3 Beggener Rover hun sech gud verstaanen a flott zesumme geschafft.“ Daat muss deenen 2 Beggener Meedecher awer net esou gut gefall hun well direkt hannendrun ass ze liesen „Di 2 Beggener Ranger sin um Wee fier op den Hike zu Walfer aus dem Zuch geklomm a sen op Wonsch vun der Chefequipe doheem bliwen.“ Aha!

 

1993

De Roverclan huet 5 Memberen an 3 Cheffen. De Clan get geleed vum Gilles (Hubert) Martin, vum Sandra Santioni a vum Jai Wolff-Lorentz. Am Summer get et ee Camp-Volant duerch Portugal vu Lissabon op Porto mam Num „Miguel 93 »

 

1994

Déi zwee Verbänn „Lëtzebuerger Scouten“ a „Lëtzebuerger Guiden“ fusionnéieren. Aus de „Beggener Scouten“ ginn domadder déi „Beggener Guiden a Scouten“ an de Grupp hëllt domadder vun elo un och ganz offiziell Jongen a Meedecher op. (Virdru war dat awer och schonn zum Deel de Fall.) Déi offiziell Bezeechnung vum Grupp ass vun elo un: „Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Groupe Saint Christophe Beggen“. Aus de Rover gin Ranger a Rover, oder kuerz; Ra-Ro.

D’Ra-Ro hun 12 Memberen. Clanchef ass d’Sandra Santioni an de Romain Schanck ass sain adjoint.

 

1995

De Ra-Ro Clan huet 10 Memberen get nach ëmmer vum Sandra Santioni a vum Romain Schanck geleet.

 

1996

De Ra-Ro Clan huet nëmme méi 6 Memberen an d’Sandra Santioni an de Romain Schanck haalen als Clanchef op. Interimsméisseg iwerhuelen d’Jai Lorentz an de Guy Thinnes des Charge. Am selwechte Joër brecht déi aal Ra-Ro’s Ekip déi et souwisou just nach um Pabéier gouf auserneen. Awer d’Relève steet schon an de Startläscher.

 

 

9.CLAN (2. RA-RO CLAN) 1995-2001

DE CLAN OUNI ADMINISTRATIV UERDNUNG AWER MAT FLOOSS

 

1995-1996

Am Kulturjoër 95 trefft sech eng Ekip vun enger gudder halwer Dozen Jonken déi an de Beggener Guiden a Scouten sin oder waren, zu Bäreldeng an engem Keller an der Belle-Vue Strooss a schmiedet verreckt Pläng fier d’Zukunft. Sie beschléissen d’Ra-Ro déi drop an drun sin sech opzeléisen ganz ze iwerhuelen, a vum Joer drop un (also 1996) gin sie offiziell de Ra-Ro Clan vu Beggen

 

1997

De neie Clan krit ëmmer méi Memberen awer funktionnéiert vun Ufank un ouni Chef. Fier d’éischte Kéier an der Geschicht vun de Beggener Scouten géreiert sech ee Clan selwer ouni dat et zum Eclat könnt. Den 1. Mee bauen déi Beggener Ra-Ro fier d’éischte Kéier de gréisste Meekranz aus der Emgéigend. Mat engem Duerchmiesser vu 4 Meter hänkt dëst bombastescht Meeschterwierk vum Balcon vum Café Villa op der Beggenerstrooss roof, an d’Krunnemecke mussen duerch de Meekrantz erduerch goen fier an de Café ze kommen. Den 29. Juni ass um Home ee Festakt fier déi 40 Joër Bestehen vum Grupp ze feieren. Fier dat alles gud ausgesait hun d’Ra-Ro vierdrun de ganzen Home vu bannen nei ugestrach. Iergendwann haaten d’Ra-Ro d’Iddi fier mat engem Flooss iwert de Canal de l’Est am Frankreich ze fueren. Iergendeen soot „Déi sidd dier nët“ an doropshin hu sie et gemaat. De Camp „Déi sidd dier nët 97“ féiert 8 Rover an 1 Ranger an hiert Maskotchen de Mil Manderscheid (eng Pop) op engem selwergebautene Flooss iwer 120 Kilometer vu Méréville op Corre. Begleed gi sie vum Gruppechef Pascal Simon. De Flooss ass 15 Meter lang a 4 Meter breed, huet 2 Stäck a get ugedriwen vun 2 Motoren vun insgesammt 32 Pärd. D’Höchstgeschwindegkeet leit bei 4 km/h.

 

1998

D’Ranger-Rover hun 21 Memberen, a nach ëmmer kee Chef. Den 1. Mee widerhuelen d’Ra-Ro d’Konstruktioun vun hierem Meekranz virum Café Villa. Des Kéier erreegt daat souvill Opmierksamkeet dat den 9. Mee zerguer een Artikel op de Jugendsaiten vum „Luxemburger Wort“ heiriwer steht. D’Ranger Rover organiséieren ee Camp a Schweden. Well sie kee Chef mat enger gülteger Formatioun hun, an doweinst keng Assurance vun de Scouten notzen koennen, groenne sie kuerzerhand eng a.s.b.l., den Haïpi Club. De Camp leeft domadder offiziell als Aktivitéit vum Haïpi Club an nët vun de Ra-Ro.

 

1999

D’Ranger-Rover hun den offizielle Membersloeschten no 12 Memberen. Op dëser Löscht stinn allerdengs Karteilaischen, an déi wierklech Memberen gin net opgezielt, well kee Ra-Ro  Chef do ass deen déi administrativ Aarbecht mëscht. A Wierklechkeet huet de Clan awer tatsächlech méi oder wéineger eng Dozen Memberen. Déi Déifferdenger Guiden a Scouten organiséieren ee Modellcamp am Kader vun hierer Fändelsweih. Een Deel dovun ass ee Konstruktiounwettbewerb un deem och déi beggener Ra-Ro deelhuelen. Sie bauen eng Zugbrücke a gewannen domadder den Publikumspreis vun der originellster Konstruktioun. Bei der Bewertung vun der Jury wannen sie nëmmen déi 2. Platz, well sie leider net ganz faerdeg gi sin. D’Ra-Ro organiséieren den 12. Juni hieren 1. Nuetsrally „Déi waert Dier gaeren“. Et sin am Fong geholl glaich 2 Rallyen mateneen, 1 normalen, an 1 mat Kaart a Kompass. De Ra-Ro Summer Camp ass 1999 zesumme mam Av-Ex Camp zu Montpezat-sous-Bauzon an der Ardèche. Fier d’éischte Kéier get et och ee Ra-Ro Wanter Camp an zwar iwer Sylvester a Schweden, zu Sundsvall.

 

2000

De Problem mat den inexacten Memberslöschte bleiwt. Offiziell huet de Clan 8 Memberen, a Wierklechkeet sin et der awer méi, an och nëmmen zum Deel déi wou op der Löscht stinn. Mee d’Ra-Ro gin nach ëmmer gut ouni Chef eens an hoellefen den Niederanvener Guiden a Scouten bei hierem Millenium Camp. Dest ass een internationale Camp mat deem déi Nideranvener hiere Gebuertsdaag feieren. D’Ra-Ro organiséieren zesummen mat de Cara-Pio eng S.O.S. Ekip a bauen d’Entreespaart vum Camp. De Wanter Camp ass nees iwer Sylvester a Schweden, des Kéier awer als camp volant mam Van vu Sundsvall op Kiruna an zreck.

 

 

2001-2002

De gréisste Vierdeel vum Ra-Ro Clan get glaichzeiteg sain greissten Nodeel. Well d’Ra-Ro sou een homogeene Grupp sin, eng Clique déi och ouni Chef duerch Deck an Dönn geet fannen déi aal Cara-Pio déi hier Montée an d’Ra-Ro gemaat hun keen Uschloss méi. Eng ganz Generatioun u Guiden a Scouten geet dem Grupp op des Art a Weis verluer. Vill ze spéit mierken d’Ra-Ro dëse Fehler a grönnen eng 23 a méi Grupp. Als Iwergangsaktivitéit zwoechent 2 Clan’en kann een de Gruppecamp 2001 an de Vogesen zu Le Tholy bezeechnen un deem 2 aal Ra-Ro als Chef, an 2 nei Ra-Ro deelhuelen. Déi meescht künfteg Ra-Ro sin un dësem Camp als Chef an aanere Branche präsent. 3 Ra-Ro maachen 2001 ee Camp-Volant um andeems sie Korsika zu Fouss vun Norden no Süden um legendären GR20 duerchqueren.

 


10.CLAN (3. RA-RO CLAN) 2002 - HAUT

DE CLAN MAM PÄTTER

 

 

 

 

 

 

 

 


2002

Déi aal Ra-Ro hun sech all an enger neier „23 a méi“ Branche regrouppéiert, an önnert der Leedung vum Laurent Hennes a vum Pol Ries get et nees ee Ra-Ro Clan dee vun Clancheffen geleed get. De Clan huet eng 10 Memberen déi all nei aus de Cara-Pio ropkomm sin.

 

2003

D’Ra-Ro gi geleet vum Laurent Hennes, vum Pol Ries a vum Luc Ewen. Am Juni gëtt den Architektebüro deen aisen Home renovéiere soll bekannt, datt déi offiziell Aarbechten am September 2003 géifen ufänken. Doropshi freet d’Gemeng Lëtzebuerg d’Beggener Guiden a Scouten fir de Chalet fir d’Dauer vun den Aarbechten, déi manner wéi 1 Joer dauere sollen, ze raumen. D’Home gëtt doropshi vun de Ra-Ro an den 23 a méi eidel geraumt an d’Material get geplönnert. D’Versammlunge si vu lo un nët méi um Home mee bei de Ra-Ro doheem. 2 Vun de Clancheffen huelen un engem Entwecklungshöllefprojet vun der nationaler Ra-Ro Ekip a Bolivien deel an höllefen do eng Handwierkerschoul bauen. Déi aaner Ra-Ro huelen un engem nationalen Cara-Pio Camp zu Ribcev Laz a Slovenien deel wou sie am Staff höllefen a fier d’Konstruktiounen responsabel sin.

 

2004

D’Ra-Ro gi geleet vum Laurent Hennes a vum Luc Ewen. D’Ra-Ro huelen um internationalen Ra-Ro Camp 4U zu Lasauvage deel. D’Ra-Ro hoellefen och hei nees Konstruktiounen opriichten a bauen eng spektakulär Entreespaart mat Wasserfall an Auditorium fier ee vun de 4 Souscamp’en. De Clan hölleft eng éischte Kéier bei der Organisatioun vum Walfer Vollekslaaf. De Ra-Ro Clan vu Beggen höllt um 1. nationale Ra-Ro Cup am Football deel a kennt bis op déi 2. Platz. Am selwechte Joer organiséieren déi Beggener Ra-Ro och hieren 2. Nuetsrally (den 3. vun de Beggener Scouten), de „Waat jickt de Pätter ? 2“ (Wéi des Ra-Ro nach an de Cara-Pio man haate sie 2002 een Nuetsrally mam Titel „Waat jickt de Pätter?“ organiséiert.)

 

2005

De Ra-Ro Camp ass des Kéier ee Camp Volant vum 6. bis den 16. August am Portugal. De Clan huet nach ëmmer eng 10 Memberen a get geleet vum Luc Ewen a vum Laurent Hennes. De Clan hölleft fier d’2. Kéier de Walfer Vollekslaaf ze organiséieren an mecht zesummen mam Walfer Syndicat d’Initiative et du Tourisme Ausgruewungen am Kader vun dem réimeschen Raschpëtzer Qanat. De Beggener Ra-Ro Clan höllt nees um Ra-Ro Cup am Football deel a gewönnt des Kéier souverän déi 1. Platz. De 16. Mee organiséiert de Clan sain 3, Nuetsrally, den „De Pätter jickt nees!“ 1 Beggener Ra-Ro an déi 2 Clancheffen huelen um Entwecklungspojet Thin Ban vun nationaler Ra-Ro Ekip mat der ONG Guiden a Scouten mat der 3. Welt am Vietnam deel wou sie um Bau vun enger Maternité an un der Renovéierung vun enger Schoul matschaffen.

 

2006

De Clan huet 9 Memberen. 3 Membere vum Clan huelen un engem Projet „d’aide au développement“ vun der nationaler Ra-Ro Ekip am Vietnam deel. Am Laaf vum Joer hällt de Laurent Hennes als Chef op an de Luc Ewen leet de Clan alleng wieder. Dest Joer get et kee Ra-Ro Camp well d’Memberen all an aaneren Branchen als Chef mat op ee Camp gin, an einfach keng Zait fier ee Ra-Ro Camp bleiwt. Aus dem selwechte Grond get et 2006 och keen Nuetsrally méi. Déi Beggener gewannen fier d’2. Kéier hannerteneen de Ra-Ro Cup an hoellefen nees bei Ausgruewungen bei de Raschpëtzer a beim Walfer Vollekslaaf.

 

2007

De Clan huet 9 Memberen a get vum Luc Ewen geleet. D’Versammlungen sin schon sait längerem meeschtens bei him oder bei aanere Memberen doheem well den Home och no méi wéi 4 Joër zanter der Plënneraktioun nach ëmmer net färdeg ass. An der éischter Halschent vum Joër ännert sech dësen Zoustand dann awer, an vun der Saison 2007/2008 un sin d’Versammlungen nees am Ra-Ro Sall am Home um Eecherfeld. No engem Joër Nuetsrally-Paus organiséieren d’Ra-Ro nees een Nuetsrally „De Pätter ass dofier“ als Parodie op d’Fändeldebatte rondrem de roude Léiw. Och dëst Joer hoellefen d’Ra-Ro nees beim Walfer Vollekslaaf an et ass och geplangt daat nächst Joër nees ee Camp (an der Ardèche) ze man.

 

.

Um Nuetsrally vun de Beggener Ra-Ro 2007 waren nët nëmmen

Duelemer Guiden a Scouten oennerwee …

 

… mee och déi Walfer Ranger a Rover waren oennert deenen

22 Gruppen déi matgemaat hun.